Nieft dem Lëtzebuerger Premier an europäeschem Adel waren dem Lëtzebuerger Wort no och zwee bekannt russesch Rietsextremer op der Hochzäitsfeier.

Leschte Freideg war am russesche Sankt Péitersbuerg eng ganz besonnesch Feier. Méi wéi honnert Joer no dem bluddegen Enn vum Zar Nikolaus II a senger Famill zu Jekaterinburg ass e Member vun der Romanow-Famill zeréck a Russland komm, fir Hochzäit ze feieren. An et war keng kleng Affär.

Mat groussem Pomp a grousser Gäschtlëscht huet den Nokomme vum leschte russeschen Zar Georg Romanow d'Italienerin Rebecca Virginia Bettarini an der Isaaks-Kathedral bestuet. Mat derbäi war och de lëtzebuergesche Premier Xavier Bettel, wéi d'Lëtzebuerger Wort den Dënschdegowend schreift. Videoe weisen de Premier bei dem Event nieft sengem Mann, dem Gauthier Destenay. De Xavier Bettel ass der Zeitung no ee Frënd vun der Braut a war deemno privat op der Feier.

Et ass e Bild, dat aus verschiddene Grënn wéi aus der Zäit gefall schéngt. Net nëmmen, well de russeschen Adel zanter der Oktoberrevolutioun vun de Bolschewiken 1917 am Land quasi net méi present ass. Ma och, well een et a Pandemiezäiten net méi gewinnt ass, grouss Adelshochzäiten ze gesinn.

Nieft der fréierer spuenescher Kinnigin Sophia waren ënnert anerem och den ägyptesche Kinnek Fuad II an de fréiere bulgaresche Kinnek Simeon II op der Hochzäit gelueden. Ma et sinn aner Nimm op der Gäschtlëscht, déi méi Froen opwerfen.

Alle virop zwee bekannt Personnage vun der extremer russescher Rietser, déi an der Zeremonie prominent Rollen ageholl hunn. Den Oligarch a Putin-Ënnerstëtzer Konstantin Malofejew steet zum Beispill zënter 2014 op der Sanktiounslëscht vun der EU an däerf net méi areesen. Hien ënnerstëtzt eng russesch Expansioun an Europa a bedreift en Tëleessender, bei deem ee weideren Hochzäitsgaascht, den Alexander Dugin, als "Chefideolog" eng eege Sendung huet. De rietsextremen an homophoben Dugin wëll eegener Ausso no Europa "annexéieren an uschléissen" a virun homosexuelle Bestietnesser an Awanderer "schützen".