E Freideg den Owend geet et am Live! Planet People ëm den drëtte Lëtzebuerger um Mount Everest, e Mathematiker um Vëlo an e bekannte Kach.

De Gilbert Welter kennt een als Kach aus dem Melusina, Chiggeri oder dem Restaurant A Guddesch. Kulinaresch Experienz huet hien ënner anerem a Japan an Thailand gesammelt. De Member vun den Euro-Toques kacht net gär eleng, an huet sech fir säi Kachbuch 12 Kolleege gesicht, dorënner d'Anne Faber, de Stärekach Peter Körner, den Thomas Murer an de Jan Schneidewind. Zesummen hu si 63 lëtzebuergesch, franséisch an thailännesch Recettë vun him nogekacht, vun der Amuse bouche, iwwer d'Entrée, de Plat bis bei den Dessert.

RTL

De Gilbert Welter kennt een als Kach aus dem Melusina, Chiggeri oder dem Restaurant A Guddesch.

De Philippe Reuland ass Mathematiker a wollt um Vëlo erausfannen, wéi vill Biergpäss d'Schwäiz huet. Et sinn der am ganzen 124. Säin Challenge "Passes for Africa" huet op sengem 30. Gebuertsdag ugefaangen a säi perséinlechen Defi ass et se alleguerte bannent engem Joer zeréckzeleeën. A well och aner Leit dovunner profitéiere sollen, huet hien sech mat der Organisatioun "Velafrica" zesumme gedinn déi Sue sammelen an all Joer 20.000 Vëloen a 7 Länner exportéieren. Wann all Päss gefuer sinn, misst hie 66.000 Héichtemeter an de Been hunn.

RTL

De Philippe Reuland war mam Vëlo an der Schwäiz ënnerwee.

De Philippe Harles ass nom Eugène Berger (1992) a Philippe Perlia (2001) deen drëtte Lëtzebuerger um Mount Everest. Den 12. Mee 2021 wäert de jonken Affekot a gudder Erënnerung behalen, well do stoung hien um Daach vun der Welt, trotz Corona an der Equipe, Schnéistuerm a Stau um Sommet. Hien ass domadder ee vu méi wéi 5.000 Mënschen déi ganz uewe waren an huet sech fir 50.000.- Euro e groussen Dram erfëllt. Och an Zukunft wëll hien all Joer op e schéine Bierg klammen, well een dat Gefill mat näischt vergläiche kann.

RTL

De Philippe Harles ass deen drëtte Lëtzebuerger um Mount Everest.