Zwee Deeg vir sengem 89. huet sech de Richard Lugner op senger Gebuertsdagsparty mat senger Frëndin Simone Reiländer verloobt.

Et gouf schonn eng Zäitche gemunkelt, dass sech de Richard Lugner nach emol bestuede wéilt. Aus senger Gebuertsdagsparty den 10. Oktober gouf dunn einfach mol eng Verlobungsparty, zur Iwwerraschung vun de Gäscht. En Hochzäitsdatum ass net bekannt.

"Den Amor hätt hien esou gepaakt", sou den Ufank vun der Demande en marriage. Mat der Hochzäit, sou hofft hien, plënnert seng zukünfteg Fra dann och endlech bei hien op Wien. Do kéint ee sech dann och nach besser kenne léieren. Wéi et heescht, hätt de Lugner nach net emol ofgewaart, bis seng Zukünfteg Jo gesot huet, de Rank hätt si einfach un de Fanger gestach kritt. Eréischt wéi d'Leit applaudéiert an nach emol nogefrot hunn, koum aus dem perplexe  Simone e "Jo" eraus.

De Wiener Entrepreneur an déi 39 Joer al Blondin, déi hien "Biene" nennt, sinn zanter ronn annerhallwem Joer eng Koppel. Kenne geléiert hu si sech iwwer en Dating-Opruff an der Zeitung. Fir de Richard Lugner ass dëst déi 6. Hochzäit. Ze lescht war hie vun 2014 bis 2016 mat der 57 Joer méi jonker Cathy "Spatzi" Schmitz bestuet.