E ganzen Dag am Zeechen vun nohaltegen Léisungen

Klimakris, Ressourcen-Manktem, sanitär Kris, Chômage, Exklusioun. D’Welt steet viru grousse sozialen an ekonomeschen Erausfuerderungen. Ëmsou méi wichteg, dass nohalteg Léisunge fir e laangfristege Wuesstem fonnt ginn.

A genee dat ass och d’Thema vum „Luxembourg Sustainability Forum“, deen dëse Mëttwoch vun IMS Luxembourg am Tramsschapp um Lampertsbierg organiséiert gëtt. International an national Wëssenschaftler, Experten, Kënschtler a Journalisten tausche sech hei iwwert déi zukünfteg Erausfuerderunge virun där d’Welt a jidder eenzele steet aus. Ënnert hinnen ass och de bekannten Daucher a Fotograf Alexis Rosenfeld, deen ënner anerem déi leschten Expeditioun vum Kommandant Cousteau zu Madagaskar begleet huet.