2011 ass déi brittesch Sängerin am Alter vu just 27 Joer un den Folge vum Alkohol gestuerwen.

Dosende Kleeder, Instrumenter, Bicher an aner Objeten aus dem perséinlechen Etat vun der brittescher Singer-Songwriterin Amy Winehouse kommen am November an enger Stee a Kalifornien ënnert den Hummer.

Zanter e Méindeg ginn déi ronn 800 perséinlech Géigestänn vun Julien's Auctions zu New York ausgestallt - dorënner och Räck, Schong a souguer Ënnerwäsch vun der verstuerwener Musekerin.

No engem jorelaange Kampf géint d'Sucht ass d'Amy Winehouse den 23. Juli 2011 am Alter vun nëmme 27 Joer un enger Alkoholvergëftung gestuerwen. Domat gehéiert si zum sougenannten "27er-Klub" vu Museker, déi am nämmlechten Alter gestuerwe sinn. Dozou gehéieren ënnert anerem, de Brian Jones (Rolling Stones), den Jimi Hendrix, d'Janis Joplin, den Jim Morrison (The Doors) an de Kurt Cobain (Nirvana).

Dem Auktiounshaus no wëllen der Sängerin hir Eltere mat de Suen aus der Aktioun ënnert anerem eng Fondatioun ënnerstëtzen, déi jonken Erwuessene mat Alkohol- an Drogeproblemer hëlleft.