Bei hiren ëffentlechen Optrëtter gesäit een d'Queen Elizabeth II. ëmmer mat Hut an dacks mat enger Brosch. En Dënschdeg hat si en aneren Accessoire dobäi.

Déi brittesch Monarchin war bei der Gedenkfeier an der Westminster Abbey mat engem Accessoire opgetaucht, mat deem ee si zanter 17 Joer net méi gesinn huet. Um Wee bei d'Feier huet déi 95 Joer al Queen op eng fir si éischter ongewéinlech Géihëllef gesat. Donieft huet si ee méi kuerze Wee bei d'Niewenentrée geholl.

Déi lescht Kéier, datt d'Queen mat engem Bengel fotograféiert gouf, war no enger Knéioperatioun am Joer 2004. Wisou si d'Géihëllef dës Kéier agesat huet, wollt de Buckingham Palast net soen.

Déi déngschteelste Monarchin aus Groussbritannien ass fir hir robust Gesondheet bekannt. Déi leschte Kéier war si 2013 wéinst enger Mogripp am Spidol.

RTL

© POOL/AFP/Frank Augstein