Déi 24 Joer al Türkin léisst sech allerdéngs net kleng kréien duerch hir Gréisst an déi domat verbonne Komplikatiounen.

Mat 215,18 Zentimenter ass si offiziell déi gréisst lieweg Fra vun der Welt. Dat huet d'Guinness-Buch vun de Rekorder e Mëttwoch confirméiert. Eng Rekordgréisst, déi d'Rumeysa Gelgi zwar berüümt mécht, awer och negativ Aspekter mat sech bréngt. Déi jonk Fra sëtzt déi meescht Zäit am Rollstull, kann awer zäitweis mat engem Rollator goen. De Weaver-Syndrom huet zu hirem aussergewéinlechem Wuesstem gefouert.

En éischte Rekord hat si am Joer 2014 op d'Bee gestallt. Deemools krut si den Titel vum gréisste liewegen Teenager op der Welt. 7 Joer sollt et daueren, bis si an d'Guinness-Buch vun de Rekorder als gréisste Fra agedroe gouf.

Domat huet si net just an hirer Heemecht Safranbolu vu sech schwätze gedoen, ma weltwäit. An dat notzt d'Rumeysa Gelgi aus, fir d'Leit dobaussen op hir Krankheet an aner seelen Erkrankungen opmierksam ze maachen. Aus all Nodeel kann een e Virdeel fir sech maachen, sou d'Gelgi.