Déi jonk Lëtzebuergerin huet 2020 de Jury vun der „Success Story“ konnten iwwerzeegen an hat sech déi drëtt Plaz geséchert.

D’Geschicht vu „Zoé Muse“ huet awer schonn 2017 ugefaangen. Do hat d’Kimberly Doerfel nämlech den Online Shop lancéiert an ugefaangen, un hirem Konzept fir eng nohalteg a kollaborativ Mark ze feilen. No dräi an engem hallwe Joer ass elo awer Schluss. Sou wäert den Online Shop de 15. Oktober 2021 endgülteg erofgeholl ginn. De Rescht vum Stock iwwerhëlt dann d’Caritas an hirem Buttek „Lëtz Refashion“ um Hamilius.

Dat wier definitiv keng einfach Decisioun gewiescht, sou d’Kimberly Doerfel. „Et war e groussen Deel vu mengem Liewen. Wann ee mat 21 e Projet ufänkt, dann hänkt een natierlech ganz vill dorunner, well ee sech doduerch och ganz vill weiderentwéckelt huet, mä dat ass dann och de Grond, wisou een et da goe léisst: fir sech nach weider z'entwéckelen.

An der Praxis heescht dat da sech op déi Aspekter vun der Aarbecht konzentréieren, déi d’Kimberly Doerfel bei „Zoé Muse“ am Léifste gemaach huet a sech als Fräiberuffler „Kim Heart“ déi Projeten erauspicken, déi him am Meeschten zousoen. Dat Meescht dovunner huet mat Videoproduktioun ze dinn. Ma och Eventer organiséieren a kreativ a lokal Leit manage gehéieren zu hirem neien Alldag.

Fir eise Reportage fir de Magazin hu mir mam Kimberly Doerfel geschwat, iwwer wat sech sos nach sou a sengem Liewe gedoen huet a wat mir an Zukunft kënne vun him erwaarden.