De 16. Oktober steet all Joer am Zeeche vun der Welternärung.

Op dem Dag mécht d’FAO (Food & Agricultural Organisation) vun de Vereenten Natiounen op di weltwäit Situatioun opmierksam, wat Ernärung a Liewensmëttelversuergung ugeet. Dëst Joer ënnert dem Motto “Agir pour l’avenir”.

D’FAO huet fir dësen Dag e puer interessanten Zuelen zesummegesicht:

  • 3 Milliarde Leit weltwäit hu keng Moyene fir eng gesond Ernärung. Dat si 40% vun der Weltbevëlkerung.
  • 2 Milliarde Leit weltwäit gëllen als iwwergewiichteg oder adipös. Et gëtt geschätzt, dass déi domat verbonnen d’Gesondheetskäschten am Joer 2030 sech op iwwer 1.300 Milliarden Dollar wäerte chiffréieren
  • 1 Milliard Leit weltwäit schaffen aktuell am agroalimentäre Secteur, dat heescht vu Landwirtschaft iwwer Veraarbechtung an Distributioun bis zum Verkaf. Méi wéi an all anerem Secteur.

Wat mir iessen, huet en Impakt op eis Gesondheet, eis Ëmwelt an aner Mënschen. Dofir kënnt vu ville Säiten den Appell, dass ee sech soll nohalteg Ernären.

De Méinden um 19.00 Auer kënnt e Reportage zum Thema nohalteg Ernärung an déi domat verbonnen Erausfuerderungen am Magazin op der Tëlee.