Dee warscheinlech eenzege staatlech bezuelten Zauberer vun der Welt gouf no 23 Joer am Déngscht entlooss.

Den haut 88 Joer ale Ian Brackenbury Channell ass 1963 an Australien ausgewandert an huet do seng Magierkarriär op der University zu New South Wales a Sydney ugefaangen. Ufanks der 70er Joren ass hien op Christchurch geplënnert an huet seng Zauberertätegkeete 16 Joer laang pro bono ugebueden, ier hien e Beruff draus gemaach huet.

An den 90er Jore gouf de gebiertege Britt mam markante Zaubererbaart vum deemolege Premierminister Mike Moore zum offiziell unerkannten Zauberer vun Neiséiland an der Antarktis erhuewen. Ronn 10.000 Dollar am Joer krut hie fir seng Servicer. An Drécheperioden huet hien an Neiséiland an Australien Reendänz opgefouert a krut fir seng Déngschter am Joer 2009 souguer eng Medail vun der Queen iwwerreecht.

Elo koum dem Magier seng Karriär abrupt op een Enn. D'Noriicht, datt d'Stad Christchurch seng Ustellung net géing verlängeren, koum, nodeems de selwer-ernannte Provokateur eng Rei Leit mat Remarken iwwert Gewalt géint Frae virun de Kapp gestouss hat.

De Mann, deen 1982 vun der New Zealand Art Gallery zu engem liewege Konschtwierk ernannt gouf, sot an engem Interview am Abrëll: "Schlo ni eng Fra, well se ginn ze séier blo, an se erzielen et hiren Noperen an hire Frënn. An dann hues de grouss Problemer." Eng offiziell Begrënnung fir seng Entloossung huet d'Stad Christchurch net matgedeelt, et ass also net gewosst, ob seng Äusserungen en Afloss op déi Decisioun haten. Der Noriichtesäit "Stuff" huet de geschwënn aarbechtslosen Zauberer gesot: "Ech ginn net gär gecancelled."