Wat maachen, wann Héichwaasser d'Hochzäitszeremonie bedréit? Eng Koppel aus Indien huet eng kreativ Léisung, fir de Wee op d'Fest, fonnt.

Obwuel staarke Reen zanter Deeg an Indien zu Iwwerschwemmunge féiert, woussten dës Brautleit sech ze hëllefen, fir trotzdeem Hochzäit ze feieren. Klassesch an der Kutsch oder an enger schwaarzer Limousine - vill Leit inzenéieren d'Faart op hir Hochzäit gären, fir d'Fest ofzeronnen oder een Zeechen ze setzen. An Indien dogéint bleift enger Koppel keng Wal. Ma hire Wee op d'Fest kéint trotzdeem méi pregnant gewiescht si wéi d'Hochzäit selwer.

Deeglaange Reen haten d'Stroossen nämlech ënner Waasser gesat. Mä d'Koppel huet sech net ofhale gelooss an huet sech dofir decidéiert an engem risegen Kachdëppen bei den Tempel ze schwammen. An d'Famill an d'Frënn hunn hinnen dobäi gehollef. Videoen a Biller vun der Aktioun am Bundesstaat Kerala kann een op Twitter bestaunen:

Eigentlech wollte si sech ee klengt Boot organiséieren, mä dat hat net geklappt, sot de Bräitchemann. Doropshin hu si et spontan mam Kachdëppe probéiert. Schonn 2018 hätt een esou Dëppe benotzt, fir d'Leit wärend den Iwwerschwemmungen aus hiren Haiser ze retten.

An och obwuel d'Hal, an där si bestuet gi sinn, iwwerschwemmt war, wollte si d'Bestietnis net op een aneren Dag verleeën. Dëst well den Datum fir d'Koppel eng Bedeitung huet an hinnen "Gléck" sollt bréngen. An Indien bestuede sech vill hinduistesch Koppelen un engem Dag, deen fir si als besonnesch glécksbréngend gëllt.