Ganz nom Motto "et ass een esou al wéi ee sech fillt", huet d'Queen mat hire 95 Joer e Präis, dee fir eeler Persounen designéiert ass, net wëllen unhuelen.

Hirer Meenung no erfëllt si d'Krittäre fir de Präis vun der brittescher Zeitung "The Oldie" net. Dës Zeitung, déi sech als "liicht" Alternativ zu der "obsedéierter" Presse fir déi jonk Generatiounen an der Prominenz beschreift, hat de Buckingham Palace kontaktéiert mam Interessi, der Queen de Präis "The Oldie of the Year" wëllen z'iwwerreechen.

En Dënschdeg huet d'Zeitung de Bréif mam Refus publizéiert, dee si den 21. August zeréckkruten. Ënnerschriwwe war de Bréif vum stellvertriedende Privatsekretär vun der Kinnigin, dem Tom Laing-Baker. An dora stoung als Erklärung, dass d'Altesse der Meenung ass, net gëeegent ze sinn. Si wier der Meenung, "et ass een esou al wéi ee sech fillt" a kéint deemno de Präis och net acceptéieren.

Den net ganz eescht gemengt Präis ass dunn un déi 90 Joer al franséisch Actrice Leslie Caron gaangen.