Do wou Meteo Suisse seng Donnéeë fir hir Wiederprevisioune vun der Schwäiz kritt, do kritt de Visiteur ganz vill Andréck iwwer d'Faszinatioun Meteo.

Den 2.502 Meter héije Säntis läit matzen an enger faszinéierender Biergwelt. E Panoramabléck iwwer gläich e puer Länner huet de Säntis awer nach eng aner Attraktioun ze bidden.

Déi weltwäit längste Rëtsch u Miessungen op enger Biergstatioun. Déi naasste Plaz vun der Schwäiz, déi mat de meeschte Blëtzschléi pro Joer, an déi, wou bis elo dee meeschte Schnéi op Schwäizer Territoire louch. D’Wieder mat sengen elementaren Auswierkungen kann een an der Erliefneswelt "Säntis – der Wetterberg" erliewen.