An engem Interview mat der Vanity Fair huet d'Maria Teresa doriwwer geschwat, wéi si virun 20 Joer dat "steift Lëtzebuerg erwächt hätt".

"Ech hu mir gesot, dass et dat Schlëmmste wier, sech an e Prënz ze verléiwen", esou d'Groussherzogin der Zeitung géigeniwwer. Dat hätt sech awer séier geännert, wéi si 1975 de Prënz Henri op der Uni zu Genf duerch e Kolleeg kennegeléiert huet. Vun deem Moment un, hätt een d'Maria Teresa an den Henri net méi kënnen trennen.

Ma och wann hir Leidenschaft offensichtlech war, wier hir gemeinsam Zukunft éischter ongewëss gewiescht. Och, dass Biergerlecher Prënze bestueden, wier deemools net wäit verbreet gewiescht. Ma de Prënz Henri hätt sech awer net dovun ofhale gelooss, eng Fra ouni "blot Blutt" ze bestueden.

Fir hir éischt Schrëtt am Lëtzebuerger Stot hätt d'Grande-Duchesse der Vanity Fair no keng Lektiounen am Protokoll gebraucht. Si ass an enger vun de renomméiertste Familljen aus Kuba opgewuess an hätt do d'Reegele vun der gudder Gesellschaft geléiert. Ma fir dass d'Koppel hätt kënne bestuet ginn, huet och d'Regierung missten zoustëmmen. Dowéinst hat d'Maria Teresa virun der Hochzäit eng Entrevue mam Groussherzog Jean a mam deemolege Premierminister Pierre Werner.

D'Zeremonie war dunn op de 14. Februar 1981 geluecht ginn. An nëmmen e puer Méint virun der "Joerhonnert" Hochzäit vum Charles an Diana an England, wieren d'Maria Teresa an den Henri vun der Press als "Vältesdagkoppel" bezeechent ginn. An engem wäisse Kleed aus Seid mam Schleier vun hirer Schwéiermamm Josephine-Charlotte, hätt een d'Koppel um Balcon gesinn. Obwuel si ze schei ware sech um Balcon op de Monde ze kussen, hätt déi haiteg Grande-Duchesse aus Spontanitéit ee Kuss mat béiden Hänn an de Public geworf. Eng Aktioun, wéi de Pierrick Geais schreift, déi een am steiwe Lëtzebuerg net dacks gesinn hätt. Déi néi Ierwin vun der Groussherzogin hätt also neie Wand an d'Land bruecht. Op all hiren Déngschtreesen géif si sech Zäit fir d'Mënschen huelen an hätt esou Wäermt an d'Monarchie bruecht, un där et dacks gefeelt hätt.

Duerch de Mariage mam Prënz Henri hätt si sech awer séier mat hirem neie Land verbonne gefillt, wéi wa si eng Existenz hätt wëllen ausfëllen, déi bis dohin nëmmen aus dem Exil bestanen hat. "Ech weess ech war e privilegéierten Exilant, awer trotzdeem en Exilant.. Ech si mat enger Nostalgie opgewuess, déi ech bal net kannt hunn, déi awer duerch d'Leed vu menger Famill u mech weidergeleet gouf", huet d'Maria Teresa der franséischer Zeitung Vanity Fair an engem Interview erkläert.

Haut wéisst d'Grande-Duchesse, dass si vu ville Lëtzebuerger ënnerstëtzt gëtt, virun allem vu jonke Mënschen. Donieft géif si hir Energie aus hirer Famill an hirem Mann zéien, deen zanter véier Joerzéngten eng grouss Stäip fir si ass a mat deem si duerch gutt a schlecht Zäite gaangen ass. Eréischt viru kuerzem ass d'Maria Teresa Ambassadeurin vum Gudde Wëlle bei der Unesco a Spriecherin fir Kanner bei der Unicef ginn, wat fir si eng Éier wier.