Op dem héchste Punkt den der Achterbunn "Hollywood Dream" si bei engem Stroumausfall 35 Leit kappiwwer hänke bliwwen.

Op enger Achterbunn an de Universal Studios am japaneschen Osaka kruten eng Rei Gäscht méi ee groussen Adrenalinkick, wéi si et sech villäicht erhofft hätten. Ronn 40 Meter iwwert Buedem ass een Achterbunnweenche bemol stoe bliwwen. Schold um Tëschefall op der Achterbunn "Hollywood Dream - The Ride" war ee Stroumausfall.

Ausgerechent um héchste Punkt vun der Achterbunn war de Weenchen hänke bliwwen. Déi 35 Gäscht koumen zum Gléck awer mat engem Schreck dervun. Mataarbechter hu si aus hirer mësslecher Situatioun gerett an a Sécherheet bruecht. Nieft dem Fräizäitpark huet de Stroumausfall och eng 3.200 Haushalter betraff.