E Freideg den Owend geet et am Live! Planet People ëm den Konscht mat Hellegebiller, mam Päerd op Europarees an e Museksproduzent.

D'Josée Bourg huet sech als Kënschtlerin schonn op vill Manéieren ausgedréckt an huet rezent Hellegebiller verschafft. Fir d'Ausstellung "Mutatiounen" an der Millegalerie zu Biekerech, huet si e puer Honnert Doudebiller aus der Préizerdauler Géigend mat Pabeier, Stoff, Fuedem an Holz verschafft. Hir Formatioun huet se viru Joren beim Prof. Conditionnel Passé gemaach, ier se sech an de Beräicher Schoul, Radio, Theater, Molerei an Texter ausprobéiert huet a Performancen, Happeningen, Videofilmer, Hörspiller, Geschichten, Zeechnungen, Skulpturen an Erzielungen erauskomm sinn.

RTL

De Billy Zieser hat keng Loscht als normale Rucksaktourist ze reesen, an ass elo mat sengem Päerd Peca op Europarees. A Spuenien huet hie mat engem Kënschtler aus der Glaskonscht 1 Joer u Luuchten geschafft. Duerno huet hie sech entscheet mat sengem Päerd weiderzereesen. Hie setzt sech awer net op d'Päerd, mä trëppelt niewendrun. Mëtt Mee goung et am Norde vun Spuenien lass, an all Dag mécht hien 20-30km, just 2 Deeg an der Woch leet hien eng Paus an. Aktuell ass de Billy an Italien an iwwerall, wou déi 2 hikommen, si se wëllkomm.

RTL

De Pascal Dechmann ass e Multi-Instrumentalist an zanter 2007 Museksproduzent, dee mat sengem neie Clip "I won't stop" nees en Hit lande wëll. Zesumme mat der Sängerin Sonna Rele, déi scho mam John Legend a Maxi Priest op Tournée war, huet hie schonn e puermol de Nerv vum Public getraff. Den Enseignant am Lycée Belval komponéiert d'Musek an d'Sonna schreift d'Lyrics a sou goufe schonn 8 Lidder produzéiert, vun deenen awer eréischt  5 Lidder released goufen, dorënner och e Cover vun "Jump" vun Van Halen.

RTL