Well hien d'Zesummeliewen ënner Hausarrest mat senger Fra net méi ausgehalen huet, huet hien d'Police gefrot, fir léiwer an de Prisong gesat ze ginn.

Den 30 Joer alen Albaner, deen am réimesche Viruert Guidonia Montecelio lieft, géif net méi eens gi mat deem forcéierten Zesummeliewe mat senger Fra, sou déi italienesch Carabinieri e Sonndeg an enger Erklärung.

"Hie lieft doheem mat senger Fra a senger Famill. Et leeft net méi gutt", sou den zoustännege Kommissär Francesco Giacomo Ferrante géintiwwer der Noriichtenagence AFP. De Mann hätt säin haislecht Liewen als "Häll" bezeechent. Hie wier aus dem Hausarrest geflücht an hätt sech der Police gestallt. De Beamten no hätt de Mann gebiedelt: "Ech kann net méi, ech wëll an de Prisong."
Hie war wéinst Drogendelikter ënner Hausarrest gestallt ginn. Hien hat seng Strof nëmmen e puer Méint ofgesat, heescht et weider. An et huet gehollef. Den 30 Joer alen Albaner gouf wéinst engem Verstouss géint de Hausarrest festgeholl. D'Justiz huet eng Prisongsstrof ugeuerdent.