Bei Sotheby’s zu New York ass e Sonndeg e Puer Basketsschong vum Michael Jordan fir e Rekord-Präis versteet ginn.

Ganzer 1.472.000 US-Dollar huet eng Persoun gebueden, fir d’Nike-Schung, déi den Jordan 1984, a senger éischter Saison bei den Chicago Bulls unhat.

Domadder sinn et déi wäertvollste Sneaker, déi jeemools bei enger Auktioun ënnert den Hummer koumen. De Rekord virdru loung bei 615.000 Dollar, och fir e Puer Schong vum Jordan, dat am August 2020.

Aam Abrëll hu Schong vum Rapper Kanye West fir ganzer 1,8 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt, dëst allerdéngs bei engem Privatverkaf.