Ob als Bolognese, Carbonara oder einfach mat Kéis: italienesch Pasta ass villfälteg an e kulinareschen Exportschlager.

Fir de Weltpastadag de 25. Oktober feiert d'Mëttelmierland déi do gären "al dente" giess Deegwuer. D'Mënschen an Italien iesse pro Kapp am Schnëtt méi wéi 23 Kilogramm Nuddelen am Joer. Dat huet d'Federatioun "Unione Italiana Food" e Méindeg erkläert. Déi Däitsch kéimen deemno op ronn aacht Kilogramm.

2020 wieren an Däitschland souguer 9,5 Kilogramm Pasta pro Kapp verbraucht ginn. D'Bundesrepublik wier dem Verband no deen éischten Exportmaart fir déi italienesch Pasta-Produzenten.

Zanter Jore ass d'Produktioun vun den Nuddele geklommen. Ma d'Pandemie huet de Leit d'Traditioun d'Nuddele selwer ze maachen nees méi no bruecht. Véier vun zéng italienesche Familljen hätten d'Pasta doheem selwer gemaach. De Grond heivir war, datt si méi Zäit an den eegene véier Mauere verbruecht hunn. Mä Nuddele selwer ze maachen, wier net ganz einfach. Virun dësem Schratt hu souguer Spëtzekäch Respekt.

Ma egal, ob iwwerbak, mat Fleeschzooss, vegetaresch oder dach ganz anescht, Nuddele sinn eng gutt Basis fir vill Platen. Doriwwer eraus kann ee se net nëmme mat villem kombinéieren, mä et gëtt se och a sëllege Varianten. Gutt Grënn wisou Nuddelen zu de beléiftsten Iesswuere gëllen.