Et ass nees esou wäit, d'Auer gëtt an der Nuecht op e Sonndeg nees geréckelt. Keng Angscht, dës Kéier dierf Dir eng Stonn méi laang schlofen, an awer...

D'Fro, ob et net besser wier, d'Zäitëmstellung ofzeschafen, déi gëtt et zanter enger jett Joren. An u sech sollt dëst Joer domat Schluss sinn!

Am August 2018 huet sech eng Majoritéit vun den EU-Bierger an enger Ëmfro dofir ausgeschwat, datt d'Auer net méi sollt geréckelt ginn. Ëmmerhin 84 Prozent vun am Ganzen 4,6 Millioune Befroten waren deemools fir d'Bäibehale vun der Summerzäit. Geschitt ass awer bis elo nach ëmmer näischt.

Wéi ass et dann haut?