All Woch presentéiere mir Iech eng Plaz, wou ee baussent der Famill a sengem Beruff Mënschen treffen, sech mat hinnen austauschen a sech kenneléiere kann.

Dobäi ass déi drëtte Plaz, den Tiers-lieu, e Raum, wou Communautéiten entstinn a wou ee fräi seng Ressourcen, seng Capacitéiten a säi Wëssen deele kann.

Am zweeten Episod vun eiser Serie huele mir Iech mat op Dikrech an de "Bonzënnen, Bonzuewen", wou Familljen e ganzen Dag kënne verbréngen a sech keng Gedanke musse maachen, dass se d'Plaz am Chaos hannerloossen. Op Besuch ass do och reegelméisseg d'Erzielerin Potty Lotty, dat Grouss a Kleng mat op eng literaresch Rees hëlt.

An den nächsten Episoden

Weider geet et op Esch an och nach op Maartel, wou Mënsche fräiwëlleg an ouni Profit, Plaze geschaaft hunn, fir dass d'Leit sech ënnertenee kënne connectéieren.

D'Serie "Zesummen - Den Noperschaftstreff" all Dënschdeg am November um 19 Auer am Magazin op der Tëlee. De Replay vun den Episode fannt Dir op RTL Play.