Geschitt ass dat Ganzt wärend engem Concert vun der Band "Brass Against" um „Welcome to Rockland“-Festival zu Daytona Beach.

Dëst war och kee klenge Concert, ma d'Zeen huet sech virun dausende Leit ofgespillt. Um Video ass ze gesinn, wéi e Fan op d'Bün kënnt a sech op de Buedem leet. Kuerz drop strëppt d'Sängerin Sophie Urista d'Box erof a léisst et wuertwiertlech lafen, dat op d'Gesiicht vum Fan, deem dat Ganzt ze gefale schéngt.

Mëttlerweil geet een dovunner aus, dass de Fan an der éischter Rei wuel vu sengem "Gléck" wousst an och drop preparéiert war. Vill gewiert huet en sech op alle Fall net, ma huet et souguer wéi et schéngt zimmlech genoss. Ronn 10 Sekonne laang huet d'"Golden Shower" gedauert, dat iwwregens wärend engem Rage Against the Machine-Cover.

Opgepasst, de Video kéint sensibel Leit verstéieren.

Kuerz drop huet sech de Grupp dann op de soziale Netzwierker e puer mol fir d'Verhale vun der Sängerin entschëllegt a betount, dass dëst net méi géif virkommen. Wéi et heescht, hätt kee vun der Band dës Aktioun vun der Ex-The Voice-Kandidatin konnte virausgesinn.