Bei den MTV Europe Music Awards an Ungarn gouf eng homosexuell Aktivistin ausgezeechent. Een däitlecht Signal géint de Premier Viktor Orbán a seng Politik.

D'MTV Europe Music Awards hu vläicht net méi déi Bedeitung fir d'Musekindustrie wéi fréier, trotzdeem ass et eng grouss Bün, déi fir politesch Statements genotzt ka ginn. Zum Onmutt vun der ungarescher Regierung ass bei den Awards dëst Joer een Zeeche fir Toleranz géintiwwer net-heterosexuelle Mënsche gesat ginn.

Bei der Gala an der ungarescher Haaptstad Budapest goung den "Generation Change"-Präis e Sonndegowend un déi ungaresch Aktivistin Viktoria Radvanyi, déi zanter laangem Member vun der Organisatioun "Budapest Pride" ass. Fir si géifen "all d'Mënschen d'selwecht gebuer" ginn.

Déi rietsnational Regierung vun Ungarn bedreift eng Politik déi oppe géint Homosexueller geriicht ass. Dëst Joer ass e Gesetz duerchgaangen, dat Mannerjäreger verbitt, sech iwwer net-heterosexuell Liewensformen z'informéieren. D'EU hat dowéinst eng weider Prozedur wéinst Kontraktverletzung géint d'Land ageleet.

Am Virfeld vun der EMA-Gala war scho bekannt ginn, datt d'LGBT-Beweegung mat engem Präis gewierdegt géif ginn. Dozou hat de Minister Gergely Gulyas gesot, datt d'Event zu enger "Provokatioun géint d'Regierung" benotz géif ginn.

D'Musekspräisser goungen ënner anerem un de Lil Nas X fir de beschte Video, un d'US-Rappering Saweetie fir déi bescht Newcomerin an un den Ed Sheeran fir de beschte Kënschtler an dat bescht Lidd. D'lescht Joer huet d'Event wéinst der Pandemie missten online ofgehale ginn, dëst Joer war d'Sportarena awer voll besat.