Déi genee esou bekannt wéi beléift Kannersendung "Sesamstraße" kritt een neie Member.

Wéi déi amerikanesch Produktiounsfirma de Méindeg ënnert anerem op Twitter matgedeelt huet, feiert de 25. November d' Ji-Young säin Debut. D'Popp vun deem siwe Joer ale koreanesch-amerikanesche Meedche wäert deemno déi éischte Kéier op Thanksgiving an der Spezialeditioun "See Us Coming Together" op den Ecranen optauchen.

D'Kreatioun vun där neier Figur, déi nieft esou bekannte Personnagë wéi dem Ernie an dem Bert wäert optauchen, ass eng Reaktioun op eng Rei vun anti-asiateschen Ugrëff, déi sech zanter der Corona-Pandemie an den USA zougedroen hunn.

"D'Missioun vu Sesame Workshop ass et, datt d'Kanner méi gescheit, méi staark a méi frëndlech opwuessen", esou d'Produktiounsfirma. Dozou géing och de Respekt virun aneren ethneschen Identitéite gehéieren.

D'Problematik vum Rassismus soll an der Episod dann och explizitt ugesprach ginn. D'Ji-Young erzielt ënnert anerem, een aner Kand hätt him gesot, et sollt "Heem" goen. Déi aner Figure bekräftegen hat dann doran, datt hat genee op där Plaz wunnt, wou hat higehéiert.