Op 40 Quadratmeter wunnen, onvirstellbar fir déi eng, Wonschvirstellung fir déi aner.

D’Nickie Lippert gehéiert zu deenen, déi fräiwëlleg a gär op enkem Raum wunnen. Hat plënnert mat Partner a Kand an ee sougenannt "Tiny House", also ee klengt mobilt Haischen op Rieder.

Lues a lues fëlle sech d'Plënnerkëschten. E Moment, op deen d’Nickie an den Harry jorelaang hi geschafft hunn. Si verloossen hir Wunneng zu Esch, fir an een Tiny House zu Garnech wunnen ze goen. Déi Iddi schwieft dem Nickie awer scho méi laang vir. Et ass e Prozess, dee viru 6 Joer mam méi bewosste Konsum ugefaangen a sech ëmmer weider entwéckelt huet. Angscht virum Minimalismus huet déi jonk Fra definitiv net, am Contraire. Sech vu materielle Saachen ze trennen, wier befreiend, esou d’Nickie: "Ech sinn an engem groussen Haus grouss ginn an hu gesinn, wat dat och fir eng Aarbecht matsechbréngt an och wat een alles ustaut u Saachen. Ech hunn déi lescht Joren ëmmer rëm ausgemëscht an dat huet mer gewisen, dat deet mir gutt!” Elo verklengere sech d’Nickie a seng Famill vu 77 Metercarré op 40 Metercarré. En radikale Schrëtt vun deem den Harry ufanks huet missen iwwerzeegt ginn. Ma mëttlerweil deelt hien d’Virfreed op déi nei Liewens-Etapp.

Sech op dat Wesentlecht konzentréieren, den eegene Konsum iwwerdenken an duerch dee Minimalismus méi perséinlech a finanziell Fräiheete gewannen, dat sinn d’Grondiddie vun der Tiny House Beweegung. An der Praxis stinn dësem Liewensstil awer komplizéiert Bau-Virschrëften am Wee. Dat huet d’Nickie net just am Kader vu sengem eegene Projet erausfonnt, ma och als Member vun der Tiny House Community. Eng Asbl mat mëttlerweil ronn 90 Memberen, déi sech all fir dës alternativ Wunnform interesséieren. Zanter 5 Joer setzt d’Nickie sech fir d’Interessie vun der Communautéit an a versicht besonnesch ee Projet virunzebréngen. Dee vum Tiny House Village, also eng Siidlung mat 10 klengen Haisercher. Zwee potentiell Terraine kommen a Fro, ma nach hu se keng gréng Luucht kritt. "Mir stinn an de Startlächer a si prett. Wa mir den Ok géinge kréie vun der Gemeng oder vun enger anerer Gemeng, déi interesséiert ass, kéinte mer lassleeën an den administrative Wee preparéieren", erkläert d’Nickie. Den Ament halen d’Membere fir all Zort vun Terrain hir Aen op: egal ob grouss, kleng, urban oder am Gréngen.

Ma een Terrain ze hunn, ass keng Garantie dofir, dass een och en Tiny House kann drop stellen. Vue dass et keng spezifesch Legislatioun zu där Wunnform gëtt, hänkt ee vun de Bautereglementer a Bebauungspläng vun den eenzele Gemengen of. Ass am Reglement zum Beispill festgehalen, dass een Haus eng bestëmmten Mindestfläch muss anhalen, ass d’Opstelle vun engem Tiny House dacks d’office ausgeschloss. Ma dat ass net deen eenzege Problem.

“Déi gréisste Fro, déi sech stellt, ass 'dierf ech mech an engem Tiny House umellen?'. An do musse mir de Leit ëmmer soen 'du dierfs dech net an engem Tiny House umellen. Egal wou s de stees'. Ob s du op engem Camping stees oder bei engem Privaten um Terrain, do musst du dech och op dat Haus umellen, wat do ass. Déi allermeescht Leit wëllen d’Tiny House awer als éischte Wunnsëtz umellen.”

Dass déi Concernéiert hire Wonsch vum Tiny House gesetzes- a reegelkonform kënne realiséieren, war dem Hesper Buergermeeschter an Deputéierte Marc Lies säin Uleies wéi hien am Oktober eng Question Parlementaire zu deem Thema gestallt huet. Hie perséinlech kéint sech een Tiny House Duerf virstellen, am beschten op engem Terrain, wou d’Infrastrukture scho bestinn, wéi zum Beispill op fréiere Campingplazen. Eng aner Optioun wier et, Baulücken temporär ze notzen, fir Tiny Haiser drop ze stellen. Ma an der Praxis wier dat méi schwiereg, vue dass d’Proprietäre vun Terraine misste matzéien, esou de Marc Lies.

"Well dat huet ze dinn mat engem contrat de bail, mat Infrastrukturen, déi mussen ugeschloss ginn. A wa mer kucken, wat d’Problematik ass vun de Baulücken, wou jo kéint gebaut ginn an et awer net ëmgesat gëtt, well Leit einfach soen 'ech hale meng Parzell, well se muer méi Wäert ass, an da gesi mer weider, an ech brauch d’Suen net'."

A sengen Aen misst op nationalem Niveau verdäitlecht ginn, wéi a wou Tiny Houses méiglech wieren. Am Inneministère gesäit een dee Besoin awer net, vue dass d’Gesetzgebung Tiny Haiser net géing verbidden, esou de Frank Goeders vum Inneministère.

“Et ass esou, dass effektiv d’Gemenge-Reglementatioun do eng zentral Roll spillt, notamment d’PAGe vun de Gemengen, déi jo u sech d’Notzung vum Buedem reegelen. Dat heescht, wat ee wou dierf bauen. Well och en Tiny House ass am Endeffekt eng Konstruktioun. A gëtt u sech gereegelt haaptsächlech vun de PAPen, also vun der Gemenge-Reglementatioun. Wann ee lo gesäit, dass op Dauer déi Demande an d’Luucht geet an ëmmer méi Leit an esou eppes wéilte wunne goen, da muss een iwwerleeën, ob een déi Reglementatiounen, déi um Niveau vum PAG fixéiert sinn, ob een déi iwwerschaffe geet.”

Ma och wann een et plazeweis erlabe géing, misst ee kucken, ob et Sënn mécht a sech an d’Bild vun der Uertschaft integréiert, esou de Frank Goeders.

Eppes ass kloer: d’Thema Tiny House ass Neiland fir d'Verwaltungen. Administrativ Demanden zéie sech doduerch an d’Längt, an déi Concernéiert fille sech dacks wéi ee Pingpongball, deen tëscht Gemengen a Ministèren hin an hir gespillt gëtt, erzielt d’Nickie Lippert. Hatt géing awer net verlaangen, dass d’Legislatioun vun haut op muer geännert gëtt. Vill méi plaidéiert hat, fir ee Pilot-Projet, fir dass all déi bedeelegt Erfarungswäerter kënne sammelen.

D’Nickie Lippert selwer ass bei sengen Elteren ugemellt, bei deenen d’Tiny House am Gaart steet, hat huet eng speziell Autorisatioun vun der Gemeng kritt. Well et am Garnecher Gemengereglement net explizitt verbueden ass, wollten déi Responsabel der Famill eng Chance ginn, fir ze kucken, ob dee Modell zu Lëtzebuerg funktionéiere kéint, esou de Buergermeeschter Georges Fohl op eis Nofro hin. D’Stellplaz am Gaart soll op alle Fall just eng Iwwergangsléisung bleiwen, an der Hoffnung, dass de Projet vum Tiny House Duerf sech realiséiert, wou si dann zesummen ënnert Gläichgesënnte liewe kënnen.