Virun 11 Joer war en esou faszinéiert vun deem, wat e gesinn huet, dass en elo säi Beruff draus maache wëll.

Den 21 Joer alen David Wagener ass vum Wëld am Bësch begeeschtert a probéiert, dës Momenter am Bild festzehalen. Biller, déi weder gestallt sinn, nach an engem Zoo gemaach goufen, nee Biller aus der Realitéit, aus der Natur, déi ee soss nach net esou ze gesi krut.

Wann den David an de Bësch geet, ass et net fir trëppelen ze goen, dat gehéiert zwar ufanks mat dozou, mee ännert sech ëmmer séier. Um richtege Spot ukomm, ass et wichteg, dass hie sech komplett camoufléiert, esou dass weder Déier, nach Mënsch en erkennt. Vu klengem u wollt hien den Déieren esou no wéi méiglech kommen an dann natierlech an enger Foto festhalen.

Den David ass gär an der Natur a fënnt och esou seng Rou am Bësch, seng Faszinatioun zu der Natur an den Déieren, wëll hie mam Grand Public deelen. Do donieft gëtt en awer och gären e Message weider a wëllt d’Leit op dës Déieren opmierksam maachen, esou dass ee se respektéiert an esou en Zesummeliewe méiglech ass.

Den Ament huet den David och eng Ausstellung an der Useldenger Buerg an do ass et um Betruechter, fir déi eenzel Fotoen ze fannen, well se iwwert dee ganze Site verspreet sinn. D'Plaz, wou ee se fënnt, huet ëmmer eppes mam Déier ze dinn, wou et sech och an der Natur meeschtens ophält.

No de Fotoen am Bësch geet et meeschtens heem op de Computer, do ginn dann nach déi lescht Korrekture gemaach. Kontrast, Hellegkeet, alles fir dass d’Foto och esou ausgesäit, wéi een et och mam A gesinn huet.

Seng Ziler sinn elo scho klipp a kloer, den David wëll vu senger Fotographie herno liewen, esou ass et och wichteg fir hien, dass e sech e Numm mécht an esou stinn elo schonn déi nächst Projete fest. Et geet elo deemnächst an d’Ausland, wou e sech dann op de Luchs, de Bier an de Wollef konzentréiert.

Einfach ass et net an dësem Beruff, och wann ee jonk ass, ëmsou méi schwéier, fir aus der Mass erauszestiechen, ma dofir investéiert den David e Maximum un Zäit a säin zukünftege Beruff.