Bosnien, dat virun de Lännerspiller am November nach an der Course ëm Play-off-Plaze war, huet alles verluer. De Pjanic ass elo Zil vun heftegen Attacken.

Eng Nidderlag géint Finnland, dann eng weider géint d'Ukrain an den Dram vun der Weltmeeschterschaft am Katar ass geplatzt. Obwuel Bosnien e klengt Land ass, virun allem am Futtball, hunn d'Fans awer fest doru gegleeft, datt Bosnien et packe kéint, well d'Spiller gutt Leeschtunge gewisen hätten. Ma d'Enttäuschung beim 1:3 géint eng Mannschaft, déi an der éischter Hallefzäit nëmmen zu zéngt war, war ëmsou méi grouss.

De Miralem Pjanic, de "grousse Star" vun der Ekipp, ass vun de Kritiker net verschount bliwwen. De Mëttelfeldspiller, dee beim FC Barcelona sou gutt wéi ni gespillt huet, wier eendeiteg net an der Lag gewiescht, seng Formatioun ze droen a wier souguer fir seng sportlech Leeschtung ausgebut ginn. Sportlech Kritik ass zwar eng Saach, ma duerch Rumeuren an de sozialen Netzwierker, ass e Stuerm u Kritik op den 31 Joer ale Spiller agaangen. D'Confirmatioun vun de Gerüchter koum da séier a Form vu Fotoen, déi de Miralem Pjanic um Virowend vum entscheedende Spill beim Shisha-Fëmmen a mat Alkohol weisen.

Direkt no der Verëffentlechung vun de Fotoen huet déi bosnesch Federatioun de Pjanic aus der Grupp ausgeschloss, well säi Verhalen als Spëtzesportler onwierdeg gewiescht wier. Och wier hien esou kee gutt Virbild fir méi jonk Spiller gewiescht. Esou eng Attitüd kéint dem Miralem Pjanic seng international Karriär a Gefor bréngen.