Saumon, dee keen ass, ëmweltfrëndlech Produiten, déi een net recycléiere kann. Reklamme mat eidele Versprieche goufe lo fir en Negativ-Präis nominéiert.

"Foodwatch" huet dëst Joer fir hiren "Goldener Windbeutel" virun allem Produiten nominéiert, déi mat Klima- an Ëmweltfrëndlechkeet Pub maachen, dat Verspriechen awer net anhalen. Vun elo u kann een deemno 5 Kandidate fir déi am meeschte culottéiert Reklamm vum Joer wielen. De Vott leeft bis den 12. Dezember.

Ënner anerem ass d'Volvic-Waasser vun der Mark Danone fir den Anti-Präis nominéiert, well op der Fläsch "klimaneutral zertifiéiert" drop steet. Allerdéngs géifen d'Fläsche gréisstendeels mat Camionen aus Frankräich an Däitschland transportéiert ginn an Eewee-Fläschen aus Plastik schueden der Ëmwelt.

Danone kann dës Nominatioun net novollzéien, et géif een 100 Prozent recycléierbar PET-Eewee-Fläsche benotzen, déi zu 100 Prozent aus alem Plastik bestinn. En plus géif Volvic fir den däitsche Marché mam Zuch an net mam Camion transportéiert ginn, an och ni mam Schëff oder Fliger, sou eng Porte-parole. D'Firma géif och ëmmer nees seng CO2-Emissiounene reduzéieren a Rescht-Emissioune kompenséieren.

Kandidat Nummer 2 sinn déi als "Green Caps" verkaafte Mövenpick-Kaffiskapele vun der Mark J.J. Darboven. Hirer Reklamm no sinn d'Kapsele kompostéierbar. Dat géif awer net stëmmen, kritiséiert Foodwatch. Dës Kapsele kënne weder recycléiert, nach kompostéiert ginn, si musse verbrannt ginn.

Da fënnt een nach e Proteinrigel vun der Fitness-Influencerin Pamela Reif op der Lëscht. Si versprécht a plastikfräien, biologesch ofbaubare Produit. Fakt wier, sou Foodwatch, dass och an dësem Fall d'Verpackung verbrannt muss ginn.

U Rewe geet de "Goldener Windbeutel" wéinst sengem Pouletsfilet vun der Mark Wilhelm Brandenburg, dee sech e klimaneutrale Logo ginn huet. Fleesch wier awer alles anescht wéi klimafrëndlech. Ma och Rewe ass net ganz averstanen, si géifen nämlech als Ausgläich e Projet zum Schutz vu Bëscher am Peru ënnerstëtzen. Ma och do huet Foodwatch gekontert. Hir Recherchen hunn erginn, dass de Bësch do guer net geschützt gëtt.

Zum Schluss sinn nach d'Wunderland-Kamelle vu Katjes nominéiert. Hei kritiséiert Foodwatch, dass den Zockerundeel bei 60 Prozent läit, dëst awer géif verschleiert ginn. Duerch bäigesate Vitaminne gëtt hei Reklamm fir e "bessert Naschelen" gemaach, ma mat deem Zockergehalt wier dat op alle Fall net erfëllt.