Et ass en Naturspektakel, dat vill Leit interesséiert huet. E Freideg war déi längste partiell Mounddäischtert zanter dem Joer 1440.

Viru 580 Joer konnten d'Mënschen esou een änlecht Naturspektakel fir d'Lescht gesinn - dat war ongeféier zu där Zäit, an där de Johannes Gutenberg de Buchdrock erfonnt huet. An der Nuecht op de Freideg war et nees esou wäit: de Mound ass op sengem Trajet bal komplett vun der Äerd verdeckt ginn. Fir genau ze sinn: zu 97,4 Prozent.

Virun allem iwwer Nord- a Südamerika, iwwer Polynesien, Australien an Nordostasien war de Spektakel gutt ze gesinn. Duerch de Schied vun der Äerd huet sech de Mound vir ronn dräi Stonnen an 28 Minutte verdäischtert a rout gefierft. Méi schwéier hat een et allerdéngs an Europa: wéi op enger Zäittafel vun der Nasa ze liese war, war de Mound aus europäescher Siicht schonn hannert dem Horizont verschwonnen, wou d'Himmelsspektakel lassgaangen ass.

RTL

© AFP/Ezequiel BECERRA (Archivbild)

Bis et eng nächste Kéier esou wäit ass, wäert daueren. Astronome ginn dovunner ass, dass déi nächst vergläichbar Mounddäischtert am Joer 2669 wäert sinn. Déi nächst komplett Mounddäischtert wäert et schonn nees d'nächst Joer ze gesi ginn. Déi wäert dann awer méi séier nees eriwwer sinn, wéi déi vum 19. November.

Wien de Spektakel verpasst huet, dann e sech hei am Stream nach emol ukucken: