Bis zu 4 Kilo Krevetten huet ee Client bei enger eenzeger Visitt erofgeschlongen, engem All-You-Can-Eat-Restaurant war dat ze vill.

E Mann, deen an Asien fir Live-Streame ronderëm d'Thema Iesse bekannt ass, gouf an engem Restaurant a China op déi schwaarz Lëscht gesat. De Grond: hien huet am All-You-Can-Eat-Restaurant, wou een ee fixe Präis bezilt an dann esou vill iessen däerf, wéi ee wëll, ze dacks an och vill ze vill giess.

Wéi déi brittesch BBC mellt, hätt de Mann eegenen Aussoen no bei senger éischter Visitt ronn 1,5 Kilo Schwéngsféiss giess. Bei senger zweeter Visitte waren et dunn 3,5 bis 4 Kilo Krevetten. De Mann, dee just als Mr. Kang bekannt ass, huet dem Restaurant "Diskriminatioun" géint Leit, déi vill iesse kënnen, virgeworf: "Ech ka vill iessen - ass dat eng Sënn?" Op d'mannst géing hie keen Iesse verbëtzten.

De Besëtzer vum Restaurant huet dat anescht gesinn. Hie géing duerch den hongerege Client ze vill Sue verléieren, huet hien der chineesescher Chaîne Hunan TV erzielt. "All kéiers wann hien heihinner kënnt, maachen ech e puer Honnert Yuan Verloscht." Souguer wann hie Soja-Mëllech géing drénken, géing hien direkt 20 bis 30 Fläschen dovunner drénken.