Wéi de Fürst Albert II. der Zäitschrëft "People" sot, wier et weder Covid-19, nach Kriibs oder eng Schéinheetsoperatioun.

Seng Fra wier déi nächst Wochen ausserhalb vu Monaco, fir sech vun hirer "emotionaler a physescher Middegkeet" z'erhuelen. Wéi d'Charlène nees zeréck op Monaco koum, wier relativ séier kloer gewiescht, dass et hir net gutt géing goen, sou hire Mann. Si wier net an der Lag gewiescht, hiren Alldag oder d'Familljeliewen ze meeschteren. Si hätt vill Gewiicht verluer, wouduerch si nach méi ufälleg fir Krankheete wier.

Virun e puer Deeg hat de Palais annoncéiert, dass d'Charlène net géing un de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag deelhuelen. Deementspriechend stoung si e Freideg och net mam Fürst Albert II. an hire Kanner um Balcon. Déi 43 Joer al Ex-Schwëmmerin ass lescht Woch no engem laangen Openthalt a Südafrika zeréckkomm. Wéi et heescht, hätt si sech do wéinst enger schwéierer Infektioun am Hals-Nues-Oueren-Beräich behandele gelooss, un där si am Mee erkrankt war. An deem Zesummenhang gouf si dann och 2 Mol operéiert.

Zanter 2011 sinn den Albert II. an d'Charlène bestuet. De laangen Openthalt a Südafrika huet allerdéngs fir vill Spekulatiounen iwwer Bezéiungsproblemer gesuergt.