Et war hiren zweeten Optrëtt an der leschter Woch, nodeems si am Laf vum Mount aus gesondheetleche Grënn eng Rei Evenementer huet missten ofsoen.

De Sonndeg war d'Kinnigin Elizabeth II op der Daf vun hiren zwee jéngsten Ur-Enkelen. An engem gréngen Ensembel gouf déi 95 Joer al Queen fir déi duebel Daf an der All Saints Chapel zu Windsor gefouert, wou d'Feier am enke Krees vu Frënn a Famill ofgehale gouf. Gedeeft goufen de Sonndeg de Jong vum Mike a Zara Tindall, der Prinzessin Anne hirem Meedchen an de Jong vum Jack Brooksbank an der Prinzessin Eugenie, dem Prënz Andrew säi Meedchen.

Virleschte Sonndeg waren d'Suergen ëm der Monarchin hir Gesondheet grouss, nodeems si kuerzfristeg hir Participatioun um Rembembrance Sunday, engem vun deene wichtegsten Deeg an hirem offizielle Kalenner, ofgesot hat. Grond fir d'Ofso goufe Réckeproblemer genannt. Och eng geplangte Rees an Nordirland an hir Participatioun un der COP26 zu Glasgow hat si aus gesondheetleche Grënn missten ofsoen. Fir Tester huet si eng Nuecht an engem private Spidol zu London verbruecht.