Den Dënschdeg steet zu Paräis eng e bësse méi aussergewéinlech Stee un. Den Objet gëtt op zwee bis dräi Milliounen Euro geschat.

Ënnert den Hummer kënnt nämlech näischt aneres wéi een handgeschriwwent Manuskript vum berüümte Physiker Albert Einstein. D'Dokument iwwert déi allgemeng Relativitéitstheorie huet hien tëscht 1913 an 1914 mat sengem Aarbechtskolleeg Michele Besso geschriwwen.

D'Auktiounshaus Christie's huet d'Dokument op zwee bis dräi Milliounen Euro geschat. Et wier "zweiwellos dat wäertvollsten Einstein-Manuskript", dat jeemools ënnert den Hummer komm ass. Handschrëftlech Manuskripter vum Physik-Genie aus dëser Zäit wieren nämlech extreem seelen.

Dem Albert Einstein seng Relativitéitstheorie zielt zu de gréisste physikaleschen Theorië vum 20. Joerhonnert an huet d'Verständnis vu wichtege physikalesche Phenomener revolutionéiert.