Schonn zanter 1992 gëtt et d'"Frënn vun der Lee" zu Uewermaartel, direkt un der belscher Grenz.

De Veräin këmmert sech net nëmme mat vill Engagement ëm de Schifermusée, deen d'Geschicht vun enger ganzer Industrie soll erhalen, déi deemools dës Regioun am Nordweste vum Land immens gepräägt huet. Ma d'Memberen hunn och viru siwe Joer do e Bopebistro opgemaach.

Maartel ass nämlech ganz speziell. D'Uertschaft ass getrennt duerch d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch. D'Schiferminnen op béide Säiten hu vum Enn vum 18. Joerhonnert un dës Plaz esou fir vill Aarbechter aus der Regioun attraktiv gemaach.

Nodeems déi lescht Minn 1986 zu Lëtzebuerg zougaangen ass, wollt e ganze Grupp vu Leit dëst Stéck Industriegeschicht éieren an um Liewen erhalen. An op hire Bopebistro si si immens houfreg. Si hunn e selwer amenagéiert, fir dass d’Leit, wa se an de Musée kommen, och eng Plaz hunn, wou se kënnen eng Paus maachen a sech mat hinne kënnen austauschen.

Fannt all d'Episode vun der Serie "Den Noperschaftstreff" op RTL Play.