Eng nei Dokumentatioun vun der brittescher BBC suergt op der Insel den Ament fir Opreegung - souguer d'Kinnekshaus huet elo reagéiert.

Meeschtens léisst dat brittescht Kinnekshaus Virwërf a kontrovers Dokumentatiounen iwwer d'Queen an hir Famill onkommentéiert stoen. An engem ongewéinleche Schrëtt hunn de Buckingham Palace, d'Clarence House (an deem de Prënz Charles an d'Camilla wunnen) an de Kensington Palace vum Prënz William an dem Kate elo awer op eng Dokumentatioun vun der BBC reagéiert. An déi Reaktioun ass net positiv ausgefall.

Vertrieder vun der Kinnigin Elizabeth II., dem Trounfollger Prënz Charles a sengem Jong Prënz William hunn der ëffentlech-rechtlecher Chaîne virgeworf, "iwwerzunn an onbegrënnt Behaaptunge vun net genannte Sourcen als Tatsaach" verkaf ze hunn. Dës Reaktioun aus dem Kinnekshaus gouf zum Schluss vun der BBC-Doku "The Princes and the Press" ("D'Prënzen an d'Medien") och ageblent.

Déi antizipéiert Dokumentatioun iwwert déi zwee Prënze William an Harry huet ugedeit, datt déi zwee Bridder d'Press jeeweils géint deen aneren ausgespillt hätten. D'Relatioun tëscht den zwee Kanner vum Prënz Charles an der verstuerwener Prinzessin Diana gëllt zanter enger Zäit als ugespaant.

An enger Plaz an der Dokumentatioun huet ee Privatdetektiv sech ausserdeem beim Prënz Harry dofir entschëllegt, am Optrag vun der Press den Telefon vu senger Ex-Frëndin Chelsy Davy ofgelauschtert ze hunn, wou déi zwee nach eng Koppel waren. Och d'Prënze wieren op déi Aart a Weis an d'Viséier geroden. De Prënz Harry huet d'Zeitung "Sun" an dat fréiert d'Boulevardblat "News of the World" verklot.