Ee Geriicht zu Los Angeles huet decidéiert, datt den Acteur MRC déi Zomm bezuele muss als "Entschiedegung fir verluere Revenuen", wéi et heescht.

De Kevin Spacey hat an der Netflix-Serie "House of Cards" den US-Politiker Frank Underwood gespillt, ee wéineg sympathesche Personnage.

2017 krut den US-Acteur am Kader vun der #MeToo-Debatt sexuell Belästegung reprochéiert. Den 62 Joer ale Spacey hat viru 4 Joer domadder seng Haaptroll an der Serie a seng ganz Karriär verluer. D'Uklo ass awer 2019 falegelooss ginn.

MRC huet viru Geriicht elo argumentéiert, datt si déi 6 a lescht Saison ganz hu missen ëmstrukturéieren an op 8 Episoden zesummekierzen.

Dem Spacey seng Affekoten hale sech no der Annonce vum Urteel bis ewell bedeckt.