Den Amputéierten Théo Curin ass vu Bolivien an de Peru geschwommen. Dat awer net fir e Rekord, mä fir op d'Verschmotzung vum Séi opmierksam ze maachen.

Zesumme mat der 39 Joer aler Ex-Schwëmmerin Malia Metella an dem 27 Joer alen Ëmweltaktivist Matthieu Witvoet, ass den 21 Joer jonke Fransous den 10. November am bolivianeschen Duerf Copacabana gestart an e Samschdeg no 11 Deeg op den Uru-Inselen um peruaneschen Ufer vum risegen Titicacaséi ukomm.

Den Théo Curin, deen als Kand no eng schwéierer Hirnhautentzündung béid Äerm a Been huet missen amputéiert kréien, ass Para-Sportler an zweefache Vize-Weltmeeschter am Schwammen. Fir d'Aktioun, bei där sech de Curin a seng Partner op der Stréck ofgewiesselt hunn, hunn déi dräi ee Joer laang am Matemale-Séi an de Pyrenäen trainéiert.

Op hirem Wee duerch den äiskalen a ronn 3.800 Meter héich geleeënen Titicacaséi hunn déi dräi e Boot hannert sech gezunn, dat aus Offall gemaach gouf a wourop si geschlof a giess hunn. Eegenen Informatiounen no wollten déi dräi Sportler mat der Aktioun op d'Ëmweltverschmotzung opmierksam maachen.

Den Titicacaséi läit am Grenzgebitt tëscht Bolivien a dem Peru an ass dee gréisste Séisswaasserséi vu Südamerika. Duerch Gëftstoffer aus Minnen an Offall aus der Géigend ass de Séi staark verschmotzt.