1 Millioun Dollar huet en australesche Sender fir en exklusiven Interview mat der Sängerin ausginn. Schlussendlech duerft en awer net diffuséiert ginn.

De Matt Doran, dee bei "Seven Network" schafft, ass a Groussbritannien geflunn, fir mat enger vun den erfollegräichste Musekerinnen aus dem 21. Joerhonnert ze schwätzen. Ganz gutt ass d'Treffen allerdéngs net verlaf, mellt "The Daily Telegraph". D'Adele ass nämlech stutzeg ginn, well den Doran keng Fro zu hirem neien Album gestallt huet. Dowéinst huet si sech kuerzerhand entscheet, hien ze froen, wat hie vun hirem 4. Album "30" hält. "Ech hunn e mir net ugelauschtert", war seng Äntwert. Eng éierlech Äntwert, déi d'Sängerin awer net op sech wollt sëtze loossen. Wéi verschidde Medie schreiwen, soll d'Adele den Interview doropshin ofgebrach an de Raum verlooss hunn.

Dëst war net nëmme penibel fir de Reporter, ma huet de Sender dobäi nach vill Geld kascht. 1 Millioun Dollar hat "Seven Network" fir den 20-30 Minutte laangen Interview fir d'Show "7News Spotlight" bezuelt, deen net dierf diffuséiert ginn. De Label "Sony" huet et dem Sender verbueden, den Interview ze verëffentlechen.