De Klaus an de Misch sinn zwou Figuren, déi vläicht bei eisem jonke Public méi bekannt sinn an an Zukunft bei ville Jonke méi bekannt wäerte ginn.

Et sinn zwee Alien, déi der bei KannaTivi op RTL Télé Lëtzebuerg an och op RTL Play ze gesi kritt, dat an der Emissioun "Nächst Statioun". Déi Zwee ginn elo op Weltrees an dofir kritt ee se an der Zukunft a ville Länner op der Tëlee ze gesinn, ouni awer dobäi Lëtzebuerg ze vergiessen, well d'Kulissen, wou ee si gesäit, si Plazen aus dem Grand-Duché.

Et si schonn e puer Joer hir, wéi de Projet vum Klaus a vum Misch bei Zeilt Produktioun ugefaangen huet, ma de Frederic Vedeux erënnert sech nach un déi éischt Schrëtt vun deene klenge grénge Figuren. Hie war responsabel, dass se sech herno och beweege kënnen. Un esou een internationale Succès huet hien ni gegleeft.

Och den Direkter vun der Entreprise Laurent Witz ass houfreg, dass de Klaus an de Misch et elo an d’Ausland gepackt hunn an deemnächst vill verschidde Sprooche wäerte schwätzen, ënnert anerem Koreanesch, Englesch a Finnesch. D'Sarah Sutter d'Produzentin vun "Nächst Statioun" huet vun der éischter Sekonn un un de Succès vun den Ausserierdesche gegleeft a mat dësem nächste Schratt ass en Dram fir Si an Erfëllung gaangen.

De Camille, ee vun de jéngste Mataarbechter am Team, hat, nodeems de Klaus 2015 gebuer war, d'Éier esouguer kritt, de Misch an d'Welt ze ruffen. Ma och deenen zwee Alien hir Kolleege kommen all aus dem Camille sengem Kapp.

D'Createure vun eise lëtzebuergeschen Ausserierdeschen hunn an nächster Zukunft vill verschidde Sproochen opzehuelen, fir dass ons international an auslännesch Kolleegen de Klaus an de Misch och kënne verstoen.