De Walter Rotundo ass wuel de gréisste Fan vum Diego Maradona. No den Zwillinge Mara an Dona ass säi Bouf den Diego um 1. Doudesdag vum Futtballer gebuer.

Wéi seng Zwillinge virun zéng Joer op d'Welt koumen, hat de Rotundo sengem Idol eng Foto vun deenen zwee no him benannte Meedercher geschéckt. Doropshin huet de Futtballer Diego Maradona him eng Foto zréckgeschéckt, op där hien d'Foto vun de Meedercher an der Hand huet. Dat huet de Fan esou touchéiert, datt hie sech d'Bild op de Réck tätowéiere gelooss huet.

Ma nom Doud vum Futtballspiller krut de Walter Rotundo eng weider Geleeënheet fir säin Idol z'éieren: Nodeems seng Fra Victoria, déi och e grousse Fan vum Maradona ass, schwanger ginn ass, huet sech d'Koppel ëmsou méi gefreet, wéi si festgestallt hunn, datt d'Gebuert op de 25. November fale kéint - den 1. Doudesdag vun der Futtball-Legend. Fir, den Diego Maradona richteg z'éieren, huet d'Koppel de Bouf net nëmmen Diego Amado genannt, mä d'Accouchement per Keeserschnëtt extra fir deen Dag geplangt.

De Walter Rotundo sot, datt hien um Stiefesdag vu sengem Idol ëmmer nach trauere wäert, mä duerch d'Gebuert vu sengem Bouf och ëmmer e Grond fir ze feiere wäert hunn. Den Diego Maradona, dee Mëttelfeldspiller an 1986 Weltmeeschter war, gëtt a senger Heemecht Argentinien deelweis gëttlech veréiert. De 25. November 2020 ass hien am Alter vu 60 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.