D'Wang Yuji kann zwar nach net richteg lafen, awer um Snowboard mécht dat Klengt schonn eng richteg gutt Figur.

Mat mol net engem Joer léisst d'Meedchen aus China déi aner Snowboarder zimmlech al ausgesinn. Agepaakt an engem décke Schikostüm briedert hatt d'Pist erof. Eng Sensatioun, wéi vill Leit fannen. Anescht wéi vill Ufänger, déi ufanks nach Problemer hunn, um Snowboard d'Gläichgewiicht ze halen, stoung d'Wang Yuji vun Ufank u roueg a selbstbewosst um Briet. Seng Vitess kontrolléiere kann hatt awer nach net. Dowéinst hu seng Elteren ëmmer en A op hatt.

RTL

© AFP/Jade GAO

"Mir hunn hatt enges Daags a Snowboard-Stiwwele gestach a festgestallt, dass hatt stoe bliwwen ass", erzielt seng Mamm Fan Xueyin. Seng éischt Schrëtt am Schnéi huet d'Këndchen am November wärend enger Vakanz gemaach an däitlech Gefalen doru fonnt. Zanterhier ass hatt all Moie mat anere Schnéi-Begeeschterten opgestanen an huet d'Pist vum Schigebitt Thaiwoo onsécher gemaach. Eng vun de Plazen, wou déi nächst Olympesch Spiller wäerten ofgehale ginn. Ob dat en Zeechen ass? Waart an Zukunft eng professionell Karriär op d'Wang Yuji? Feststeet op alle Fall, dass dat 11 Méint aalt Meedche grouss Freed um Wantersport huet.

RTL

© AFP/Jade GAO