E Freideg den Owend am Live: En néit Héierspill mat Billerbuch, d'Welt vu muer op Architektur-Skizzen an de Lëtzebuerger Filmpräis bei RTL.

D'Sally Weyland huet zesumme mam Corinne Wirion d'Geschicht vum Muxfux, dee Gebuertsdag huet, geschriwwen a realiséiert. Et dréit sech hei ëm didaktescht Material, en neit Héierspill mat sengem Billerbuch an der dozou passender "Lehrerhandreichung". D'Sally Weyland huet zu Köln a Wuppertal Konscht studéiert. Zanter 2010 forméiert si am LTPES zukünfteg Educateuren. D'Buch "De Muxfux huet Gebuertsdag" koum fir d'Rentrée eraus a kann an de Cyclen 1-3 an de Schoule fachiwwergräifend genotzt ginn.

Am Architekt Shahram Agaajani senge Skizzen entsteet d'Welt vu muer, dorënner falen d'Passerelle zu Esch, de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai awer och de neie Vëlodrome. Zanter 1989 ass hien am Land a fënnt, dass Lëtzebuerg mat aneren Natioune mathale kann, wann et ëm nei Iddien an der Architektur geet. Am LIVE zielt hien och wéi hien zur Architektur koum.

D'Jenny Fischbach liwwert eis éischt Impressioune vum rouden Teppech beim Lëtzebuerger Filmpräis am Groussen Theater, deen um 20 Auer op RTL.lu an am RTL Play gestreamt gëtt. Nominéiert si 40 Produktiounen a 14 Kategorien. No 2014, 2016 an 2018 ass et déi 4. Editioun vum Filmpräis zu Lëtzebuerg. E Sonndeg um 19 Auer gëtt et déi bescht Momenter an engem RTL Spezial.