Hie war den éischte Afroamerikaner, deen eng Kollektioun fir déi franséisch Luxusmark Louis Vuitton entworf huet. Seng Kriibserkrankung war e Geheimnis.

De Louis-Vuitton-Designer Virgil Abloh ass fir vill Mënschen iwwerraschend gestuerwen. Hien ass e Sonndeg am Alter vun 41 Joer un de Suitte vun enger Kriibserkrankung verscheet, sou e Konzern LVMH. Och do ass ee schockéiert iwwert d'Nouvelle, de Virgil wier net just e genialen Designer gewiescht, mä och e Visionär, e Mann mat enger schéiner Séil.

Zanter 2019 hätt hie géint eng seelen an aggressiv Form vu Kriibs gekämpft. Senger Famill no wollt hien dat net ëffentlech maachen, déi sëllege schwiereg Traitementer fir sech ze behalen a gläichzäiteg e puer bedeitend Institutiounen an de Beräicher Konscht, Moud a Kultur leeden.

De Virgil Abloh, ënner anerem och als Dj aktiv, hat seng eege Streetwearmark Off-White gegrënnt a war zanter 2018 Kreativchef bei Louis Vuitton. Eréischt am Juli hat LVMH bekannt ginn, dass hien och weider Responsabilitéiten am Betrib géing iwwerhuelen.

Deen Opstig hat och fir Opreegung gesuergt. De Virgil Abloh war virdru Kreativchef vun der US-Mark Kanye West an den éischten Afroamerikaner, deen eng Kollektioun fir Louis Vuitton entworf hat. Hie war och kee geléierten Designer, mä huet Bauingenieur studéiert an Architekt. Hien hannerléisst seng Fra Shannonn an 2 Kanner.