Wéinst "psychesche Schied" un hirem Kand haten d'Eltere vun engem dräi Joer ale Meedchen 3.000 Euro Entschiedegung gefrot.

En dräi Joer alt Kand kritt keng Entschiedegung, wéinst bal zwou Wochen, déi et an der Quarantän doheem huet misse verbréngen. Dat huet ee Geriicht zu Köln elo decidéiert.

Well een anert Kand an der Crèche positiv getest gouf, huet d'Meedchen, dat an der nämmlechter Spillgrupp war, am Mäerz missten an d'Quarantän. D'Elteren haten am Prozess uginn, hiert Kand hätt duerch d'Mesure psychesch Schied erlidden. Et wier ëmmer méi aggressiv ginn an hätt Schlofstéierunge gehat. Et hätt ee Verdacht op eng "posttraumatesch Belaaschtungsstéierung" ginn.

D'Elteren haten 3.000 Euro Entschiedegung vun der Stad Köln verlaangt, d'Geriicht huet awer decidéiert, datt d'Gesondheetsautoritéite rechtméisseg gehandelt hunn.