Am Sträit mat de brittesche Medien am Hibléck op hir Privatsphär huet d'Herzogin Meghan en Erfolleg erreecht, awer keen Enn vum Konflikt.

E Geriicht zu London huet den Appell vun der Zeitungsgrupp Associated Newspapers en Donneschdeg refuséiert an dat viregt Urteel confirméiert. Dat seet, d'Verëffentlechung vum Bréif vum Meghan un hire Papp huet hir Privatsphär verletzt. D'Zeitungsgrupp envisagéiert elo virun dat Iewescht Geriicht ze zéien.

D'Boulevardzeitungen "Daily Mail", "Mail on Sunday" an den Internetportal "Mail Online" haten an e puer Artikelen aus engem Bréif zitéiert, deen d'Meghan no hirer Hochzäit mam brittesche Prënz Harry am Mee 2018 un hire Papp geschriwwen hat. Doran huet si den Thomas Markle opgefuerdert, net riichteraus mat de Medien iwwer Perséinleches ze schwätzen a Ligen iwwert dat zerstéiert Papp-Duechter-Bezéiung ze verbreeden.

D'Decisioun vum Appellsgeriicht huet d'Meghan an enger Stellungnam  als "Victoire" bezeechent. Et wier un der Zäit, eng Boulevardindustrie ëmzegestalten, déi vu Ligen a Péng profitéiert, sou déi 40 Joer al Herzogin.
E Riichter um Londoner High Court hat am Februar den handgeschriwwene Bréif als "perséinlech a privat" un d'Verëffentlechung dohier al rechtswiddreg agestuuft. "Daily Mail" huet op hirer Titelsäit iwwert d'Néierlag viru Geriicht ze berichten an dem Meghan 450.000 Pond (530.000 Euro) fir d'Geriichtskäschten ze rembourséieren.

Dat wollt de Verlag net einfach sou hinhuelen an ass wéi gesot an Appell gaangen. Beruff gouf sech ënner anerem op d'Zeienausso vum fréiere PR-Beroder vun der Herzogin, Jason Knauf. Hie sot, dass d'Meghan Markle de Bréif am Bewosstsinn verfaasst huet, dass de Contenu un d'Ëffentlechkeet kéint geroden. Dat huet d'Herzogin vu sech gewisen, mam Argument, dat hätt sech just ëm eng Méiglechkeet gehandelt.