Nieft dem Museker Gast Waltzing waren och de Komiker a Schrëftsteller Hape Kerkeling an d'Moderatorin Ulrike von der Groeben zu Gaascht.

Grouss Iwwerraschung e Freidegowend am LIVE! Planet People. De Raoul Roos war just am gaange mam Gast Waltzing iwwer de "Waltzing Moonshine" ze schwätzen, wéi bemol d'Ulrike von der Groeben an den Hape Kerkeling an d'Sendung geplatzt sinn. Awer der Rei no.

De Gast Waltzing ass deen eenzege Grammygewënner, dee Lëtzebuerg huet.

Scho mat siwe Joer goung hien an de Conservatoire a säin Instrument ass a bleift d'Trompett. Zu Bréissel a Paräis huet hie Musek studéiert a vun 1982 un huet hie säi musikalescht Wëssen a grousst Talent un d'Schüler weider ginn, bis en elo als Proff an d'Pensioun goung.

Säin Häerz schléit fir de Jazz, awer de Mann mam Hutt, dee soss emol laang Hoer bis bal op de Buedem hat, huet sech a ville Museksensembelen ausprobéiert, dorënner och d'Rhythm Band a Park Cafe. Awer och mat Klassik, als Dirigent vum OPL, begeeschtert hie reegelméisseg säi Public. Vill Filmer a Serië kruten eleng duerch hien dee richtegen Driff, dorënner d'Klassiker vum Andy Bausch. Zesummegeschafft huet hie mat bekannte Sänger wéi Patricia Kaas, Amy Macdonald, Dionne Warwick a Gregory Porter.

De Eurovision Song Contest 1989 zu Lausanne huet hien zwar net gewonnen, dofir awer 2016 de Grammy zesumme mam Angélique Kidjo, an elo ass hien ënnert d'Brenner gaange mat "Waltzing Moonshine".

Mat "Känguru" war den Hans Peter Kerkeling scho mat 20 Joer reegelméisseg op Sendung an huet déi däitsch Natioun mam Hannilein ënnerhalen. Duerno koume Sendunge wéi "Total Normal" oder "Darüber lacht die Welt". Hien huet Konschtfigure wéi d'Uschi Blum oder den Horst Schlemmer etabléiert an 2006 huet hien e Buch iwwer de Jakobswee geschriwwen, dat zum Bestseller gouf.

No "Ich bin dann mal weg" huet hie sech 2014 komplett aus dem Showbiz zréckgezunn, fir elo nees mat engem Buch iwwer Kazen, neie Lidder an direkt e puer Showen op Vox zréckzekommen. Am LIVE! Planet People huet hien och bewisen, dass seng kuerz Openthalter als Kand hei am Grand-Duché bei him hänke bliwwe sinn.

D'Ulrike Gräfin von der Groeben kennt een aus RTL Aktuell, wou si zanter enger gefillter Éiwegkeet zesumme mam Peter Kloeppel um 18.45 Auer d'Neiegkeeten um däitschen RTL presentéiert. Si konzentréiert sech dobäi op de Sportsdeel. Manner bekannt dierft sinn, dass d'Ulrike als Ulrike Elfes bei Radio Luxemburg ugefaangen huet, ier si bei RTL Plus gewiesselt ass an do bei der alleréischter Sendung vum Frühstücksfernsehen an Däitschland mat "Guten Morgen Deutschland" Geschicht geschriwwen huet.

D'Ursaach firwat den Hape Kerkeling an d'Ulrike von der Groeben zu Lëtzebuerg waren, heescht "Hape und die 7 Zwergstaaten" wou den Hape all Sonndeg um 19.10 Auer op Vox en anert klengt Land aus Europa virstellt. No Malta a Liechtenstein kann een dëse Sonndeg den Hape am Vatikan gesinn, wou hien och op der Sich nom Poopst ass.

D'Sendung iwwer Lëtzebuerg kann een am Januar gesinn.

RTL

© RTL