D'Zwillinge ware fir hir extreem kierperlech Verännerung an ëmstridde wëssenschaftlech Wierker bekannt.

Déi franséisch Bridder Igor a Grichka hunn zanter 1979 Science-Fiction- a poplärwëssenschaftlech Sendunge op der franséischer Tëlee moderéiert. Donieft ware si och Auteuren.

Viru 6 Deeg schonn war de Grichka Bogdanoff an engem Spidol zu Paräis no enger Infektioun mam Coronavirus verstuerwen.

Leit aus dem Entourage hunn ausgesot, datt béid Bridder u Covid-19 gestuerwen an net vaccinéiert gewiescht wieren.