En Automobilist zu Hagen an Däitschland hat wuel e bëssen ze déif an d'Glas gekuckt a krut säi Won net geparkt. Wéi gutt, dass d'Police him konnt hëllefen.

Eng Policepatrull war grad am Asaz, wéi nieft hinnen e Mann wollt säin Auto parken. De Mann huet dunn iergendwann d'Fënster erofgemaach an d'Poliziste gefrot, ob hien esou mat sengem Won kéint stoe bleiwen. De Beamten ass dobäi opgefall, dass de gudde Mann nawell zimmlech gelallt huet.

D'Police huet en Alkoholtest duerchgefouert. De Chauffer hat annerhallef Promill. Den Auto ass um Enn stoe bliwwen an de Mann gouf mat op de Policebüro matgeholl, wou hie säi Fürerschäin an eng Bluttprouf huet missen ofginn.