Déi meescht dovun an d'Sonn. Eng vun de beléiften Destinatioun ass den Ament Dubai.

Trotz Pandemie, an den Vereenegten Emiraten konnt een esou dann och kierzlech als éischt Land enn Impftaux vun 100 Prozent annoncéieren. Den Tourismus spillt bekanntlech eng wichteg Roll an apaart duerch d'Weltexpo komme jo och Leit aus der ganzer Welt, bis haut méi wéi 6 Millioune Leit, esou och Lëtzebuerger Touristen, déi ënnert anerem eise Pavillon op der Expo 2020 wëlle gesinn. Dacks stinn awer och d’Wüüst an déi spektakulär Architektur um Programm, esou ewéi de Burj Khalifa, dat héchst Gebai op der Welt.

Och d’Amicale vun der Post huet et op Dubai gezunn. Mir hu si op hirer Rees begleet, wou si natierlech net just d’Expo kucke waren, mee och flott Erënnerungen an der Wüüst konnte sammelen.