D'Meedche vum Schlager-Star an hirem Verloobten Thomas Seitel soll Medieberichter no schonn ëm d'Chrëschtdag d'Liicht vun der Welt erbléckst hunn.

Dat schreift d'Bild-Zeitung a berifft sech op den enkste Familljekrees. D'Kand soll allerdéngs net am Spidol zu Starnberg op d'Welt komm sinn, mä doheem. Et ass déi éischte Kéier, datt déi 37 Joer al Sängerin Mamm ginn ass.

Laang Zäit war näischt iwwert d'Schwangerschaft gewosst. Ouni dem Helene Fischer hir Zoustëmmung gouf hiert Geheimnis am Hierscht verroden. Eng Nouvelle, déi d'Kënschtlerin net dementéiert, mä just kuerz kommentéiert huet: "Nun ja, jetzt ist's raus", waren hir Wierder. Duerno huet si hir Schwangerschaft op Instagram public gemaach a geschriwwen "Ich freue mich auf die Zeit, die vor uns steht".

Hiren éischten ëffentlechen Optrëtt mat Bëbee-Bauch hat si an der Show "Wetten, dass...?".

D'Gebuert selwer huet d'Helene Fischer nach net confirméiert. Iwwert den Numm vum Këndchen ass bis ewell och nach näischt gewosst. Et bleift also spannend ëm den Nowuess vun der däitscher Schlager-Queen.